Connect with your Facebook account
LUXUS - Megagagga

 

Purchase a commercial license for this track

Jamendo PRO is a service offering original and quality music, competitively priced, that can be used as background music for a public place, an event or as a soundtrack for an audiovisual work or website.

 



Here are the lyrics to "Tschikängi*)". Share this song with your friends and LUXUS's fans to help promote it!

Lyrics
LUXUS°) wëlt dozou beidro'en, datt di Jéinisch Sprooch erhale bleift...
dofir hei, matt Iwersetzung, den

T s c h i k ä n g i (= Danz)


Span op d'Kléck et hockt jus Téckerchen, dock mer Scheifléken matt den Trëttléken.

spanen=kucken, Kléck/Téckerchen=Auer, hocken=sin, jus=10, docken=gin, Schéifléken/Trëttléken=Strëmp/Schong

Fellekeschnall well ech hu Fock, d'Schackelcher schmonk net wi beim Schnock.

Felleken/Schackelcher(schnall)=Gromperen(zopp), Fock=Honger, schmonk=fett, Schnock=Polizist

Stéck mer Kitten, dock mer Bich, Quatz, Masommen a boren Droot.

stécken=gin, Kitten/Bich/Quatz/Masommen/boren Droot=Mënz/Goss/Péil/Spéin/Wäck/Knäpp/Mécken

Kee Wëllem, bäis Wintës an déng Kloft, schéiwe Plattféissen, daat get doft!

Wëllem=Sou, Wintës=20F am Gold, Kloft=Kleedong, Plattféisse schéiwen=danze goèn, doft=gudd/schéin

Zwëss, kimmel, dolles Gendaarm, stomps de, kriss de de Schneiwert gekufft!

zwëss, kimmel, dolles=2, 3, 4, Gendaarm=Drëppche vum Sou, stompen=streiden, Schneiwert=Gesiicht, kuffen=schloèn

Blo'en, Péckes, Schnick a Schnorres, Klénkert kuff d'Schmull an dibber nobes.

Bloèn/Péckes/Schnick/Schnorres=Drëpp, Klénkert=Sabbeler, Schmull=Mond, dibber nobes=so naischt

Hëpp an de Klanner, de Glopopsiechter, Schmuèrgel an d'Schnut, da schiben ech,

Klanner=Kostümm, Glopopsiechter=Zylinderhutt, Schmuèrgel=Päif, Schnut=Schnëss, schiben=fortgoèn

quant gewammescht de Grandische flanzen, Plattféissen, datt d'Knutse jenssen.

gewammescht=gekleed, Grandische flanzen=bretzen, Knutsen=Schanken, jenssen=jéimeren

eng Moss, e Keff wi eng Drecksbratschel, Schmuckert, Schmus, Plattféis-Watschelwatschel

Moss=Fra, Keff=Hënner, Drecksbratschel=Int, Schmuckert=Kuss, Schmus=Geschwätz

eng quant Schéck mee hockt eng Kläftchen, span säi Knëff soss schuppt dech de Stäppchen!

quant=schéin, Schéck=Nuès, Kläftchen=Klaatsch, Knëff=staarke Jong, schuppt dech de Stäppche=hëlt dech der Deiwel

Dee Schnuffert mer de Kis gezoppt, hu missen diichten fir all Gendaarm.

Schnuffert=Déif, Kis=Geldbeidel, zoppen=klauen, diichten=heeschen

Deen do net stompt hockt stapp a Schautert, dee stroumt sott, Schmuckert gouf jaukert!

stapp=liichtsënnech, schautert=geckech, stroumen=lafen, sott=domm, jaukert=deier

knaus du deen Hautz, so, du klont? Schuff dech! Schaipche schefft Batze vun nobes.

Kenns du dee Mann/Papp/Bauer? Du schmuddelech Fra, pass op!
Aaremséileje Kärel versteet guèr naischt

Am Raipert de Kittenilles geschnufft, mam Reedel em quant de Stuurz gekufft.

Raipert=Täsch, Kittenilles=Portmonni, Reedel=Staang, Stuurz=Kap

"Bachel net, jenss net, dock méng Kitten, da schéif swënns soss hocks de pleiten!"

baachelen=pissen, schéif swënns soss hocks de pleiten=ma dech ewech soss bass de doud

Am Pokes de Poufert spant e mech stappes, mee deem Fitschert wibbelt de Wappes.

Pokes=Täsch, Poufert=Revolver/Flënt, stappes=verbassen, Fitschert=dreckeje Schmeechler

Oh mäin Hibbes, ooh mäi Kibbes, ech hocke schlommeren, du hoù're Schask.

Hibbes/Kibbes=Kapp, schlommeren=schlofen, Schask=Soff

Holter, Schontkéckert, schmonk mer de Gatt, scheffe Schaufel, Schineejel schéif quant...

Meeschter, Drecksak, leck mech am Keff, et geet mer schlecht, Schineejel=Aarbecht, schéif quant=äddi

More information about the track

Duration : 5:03

 

Album information

19 tracks
1830 Downloads
51 fans


 

Information about the track

LUX
Release May 05, 2005
Listens 628 Downloads 1834
Starred 51 Playlisted 53    
Jamendo Pro

This widget on my blog!


Copy and paste this HTML code onto your blog :



In playlists

 
PlayPlay
98 tracks
PlayPlay
35 tracks
PlayPlay
65 tracks
PlayPlay
94 tracks
 

Similar tracks